Ee Mataarbechter fir den Trafic Info - m/w - CDI - Vollzäit
Mir sichen en Mataarbechter fir den Trafic Info
Deng Responsabilitéiten
- Trafic News nosichen, kontrolléieren an a Form setzen
- Infoe « live » op de Radiostatiounen (RTL an 100,7) duerchginn
- Uriff entgéint huelen an Infoen un d’Automobiliste weiderginn
- Infoen un auslännesch Automobil-Clibb, un d’GPS-Marken an un ons Membere schécken
- Infoe mat Hëllef vun onsen interne Systemer un d’Medie weiderginn
- Permanent Recherche vun alle wichtegen an intressanten Informatiounen iwwer sämtlech Facette vun der Mobilitéit
- Artikelen a Chronike verfaasse fir den Autotouring, Newsletter an www.acl.lu
Däi Profil
- Gutt Wëssen an der Geographie, haaptsächlech Lëtzebuerg a Groussregioun
- Gutt Kenntnisser vum Lëtzebuerger Stroossennetz
- Éischt Erfarungen hannert dem Mikro si vu Virdeel
- Liichtegkeet am Kontakt mat de Medien, de Mënschen, de Verwaltungen an den Trafic-Melder
- Sproochen: lëtzebuergesch, franséisch, däitsch, englesch (all weider Sprooch ass vu Virdeel)
- Beherrsche vun der gängeger Computersoftware, Fäegkeet mat den internen Tools ze schaffen
- Gutt Sproochtechnik, Diskretioun, Flexibilitéit wat d‘Schaffzäiten ugeet, an Equippegeescht
related jobs
An ICT project manager, business analyst – m/f – permanent contract – full-time
For immediate start or by agreement
En savoir plusBilling Officer - (m/f) - Permanent Full-time Contract
You will work closely with the ‘Accounting’ and ‘Bookkeeping’ teams
En savoir plusA Quality and Customer Relations Manager - m/f - CDI - Full-time
You will work closely with various departments and on the development of the quality department.
En savoir plus